Op Lëtzebuergesch          In English          Auf Deutsch

ECPAT-Woch - 12-23 November 2020

Am Kontext vu der aktueller sanitärs Kris, a fir d’Sécherheet vun eis all an de Virdergrond ze stellen, hu mir eis dozou entscheet d’ECPAT Woch dëst Joer online ze halen an em e puer Deeg ze verlängeren.

Well et awer ëmmer wichteg ass sech iwwer d’sexuell Ausbeutung vu Kanner ze informéieren, fir et kenne méi effektiv ze bekämpfen, bidde mir dëst Joer eng ganz Rei vun Evenementer an Informatiounen online un. Et gëtt eppes fir jiddereen: Webinarer, Podcasts, Bicher, Artikelen an Online Ressourcen. Mir wäerten d’Woch mat enger online Film Projektioun an enger Live Debatt mat engem vun eise Partner aus Indien ofschléissen.

Hei de Menü fir dës ECPAT Woch déi ronderëm 3 Themen dréint: Déi verbreetste Forme vu sexueller Ausbeutung zu Lëtzebuerg; Déi verschidde Forme vu sexueller Ausbeutung op der Welt; Mënschenhandel fir den Zweck vu sexueller Ausbeutung.

Déi zu Lëtzebuerg am heefegsten verbreeten Form :

Donneschdeg, den 12. November 2020 vun 14.00 bis 16.30 Auer

Den Europarot organiséiert e Webinar mam Titel  » Prévenir les comportements à risque des enfants : images et/ou vidéos à caractère sexuel autogénérées par les enfants » den 12. November vu 14.00 bis 16.30 Auer. Dëse Webinar schwätzt iwwert d‘Problematik dass Kanner Biller a Videoe mat sexuellem Charakter vun sech selwer maachen an di dann weider verschécken. Dëst ass en Thema dat villen Eltere vertraut ass.

Dir kritt hei relevant Informatiounen iwwer dëse Problem a seng Präventioun. De Webinar ass op Englesch mat franséischer Iwwersetzung. Registréiert Iech iwwert dëse Link.

Zu all Moment

Zum selwechte Sujet vun dëse selwer generéierte Biller fannt Dir och eise Comic dee mir fir déi jonk Leit zu Lëtzebuerg gemaach hunn: hei op Franséisch an hei op Däitsch.

 

Zu all Moment

Fir méi Informatiounen iwwer d’Rechter vun de Kanner a besonnesch de Schutz vu Kanner vu sexueller Ausbeutung a sexuellem Mëssbrauch zu Lëtzebuerg ze fannen, besicht d’Websäit, die mir an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse erstallt hunn HEI.

 

Déi verschidde Forme vu sexueller Ausbeutung op der Welt

Zu all Moment

Mir proposéieren Iech och Iech an Ärem eegene Tempo iwwer déi verschidde Forme vu sexueller Ausbeutung déi et ronderëm d’Welt gëtt ze informéieren. Nieft engem Besuch op eiser Websäit www.ecpat.lu an der Beschreiwung vun all eise Projeten di Dir do fannt, kënnt Dir och ee Podcast vun Ecpat International ënnert dem Titel  » Ending the Silence on Child Sexual Exploitation“ (op Englesch) lauschteren, iwwer déi verschidde Forme vu sexueller Ausbeutung ronderëm d’Welt. Wielt d’Episod aus déi Iech am meeschten interesséiert a klickt einfach op Play:

Klickt hei fir de Podcast op Spotify ze lauschteren,

Klickt hei fir de Podcast op Apple Podcast ze lauschteren,

Klickt hei fir de Podcast op Google Podcast ze lauschteren.

Eng vun den heefegste Formen op der Welt: Mënschenhandel fir sexuell Zwecker:

Zu all Moment

National Geographic huet viru kuerzem e ganz informativen, schockéierenden an emouvanten Artikel iwwer Mënschenhandel fir sexuell Ausbeutung an Indien a Bangladesch publizéiert. Den Artikel suivéiert an erzielt d’Geschicht vu zwee jonke Meedercher  die sech an engem Rehabilitatiounszenter fir Affer vu Mënschenhandel a sexueller Ausbeutung befannen. Den Artikel erkläert och wéi se vu graad deenen Leit bedru goufen deene se vertraut hunn. Liest den Artikel gratis andeems Dir hei klickt.

Fir méi iwwer d’Widderstandsfäegkeet vu jonke Meedercher a Jongen ze léiere déi sexuell Ausbeutung iwwerlieft hunn, en Thema wouriwwer mir och wärend eiser Debatt den 23. November diskutéiere wäerten, kënnt Dir den exzellenten Artikel aus der Ausgab Nummer 10 vum Anti-Trafficking Review 2018 liesen, andeems Dir hei klickt.

Zu all Moment

Wann Dir un Essayen a Fuerschunge interesséiert sidd, dann ass dem Siddharth Kara säi « Sex Trafficking: Inside the Business of Modern Slavery » genau daat richtegt fir Iech. Dëst Buch bitt eng ëmfaassend Analyse vun der moderner Sklaverei mat engem Schwéierpunkt op hir rentabelst Form, dem Mënschenhandel fir sexuell Ausbeutung un. Hien erkläert am Buch déi verschidde lokal Faktoren a wirtschaftlech Kräften, déi zu dëser Form vun Ausbeutung féieren.

Liest Dir léiwer Romaner? Da proposéiere mir Iech « Sold » vum Patricia McCormick, deen d’Geschicht vun engem jonke nepalesesche Meedchen erzielt, dat an Indien verschleeft gëtt an an d’Prostitutioun gezwonge gëtt. Mir encouragéieren Iech am Kapp ze behalen datt d’Geschicht Fiktioun ass an datt d’Enn vum Buch net onbedéngt de Rettungen entsprécht wéi se tatsächlech vun den lokalen Acteuren duerchgefouert gi. Fir ze verstoen, wéi d’Rettung an d’Reintegratioun wierklech funktionéiert, invitéiere mir Iech op eis Debatt den 23. November:

18-22 November 2020

Sieft mat dobäi bei eisem Screening vum Documentaire Film « Not My Life », dee mir vum 18. an 22. November online weisen. (De Film ass op Englesch)

Dësen Documentaire handelt iwwer Mënschenhandel a modern Sklaverei vu Kanner. De Film hellt eis mat an 13 Länner a weist eis verschidde Forme vun Ausbeutung vu Kanner, och vläicht déi schlëmmst, sexuell Ausbeutung. Not My Life gëtt eng Stëmm un déi di sexuell Ausbeutung iwwerlieft hunn, an Organisatioune wéi eis déi géint Mënschenhandel an Ausbeutung kämpfen, awer de Documentaire weist eis och en haarden Temoignage vun engem Mënschenhändler.

Zum Gléck ginn et Weeër fir dës Forme vun Ausbeutung ze bekämpfen. ECPAT Lëtzebuerg invitéiert Iech de Film ze kucken an un eiser Paneldiskussioun e Méindeg, 23. November deelzehuelen (kuckt hei ënnendrënner).

Fir de Link fir de Film ze kréien, schéckt eng E-Mail op info@ecpat.lu mam Objet: « Not My Life ».

Méindeg 23. November 2020 um 18:00

Als Follow-Up Event vum Documentaire organiséiere mir eng Diskussioun mat engem vun eise Partner aus Indien, e Méindeg den 23. November um 18:00 iwwer eise Mukti-Projet dee géint Mënschenhandel fir den Zweck vu der sexueller Ausbeutung vu Kanner an Indien, Bangladesch an Nepal agéiert an och iwwer eis Präventioun, Rettung a Reintegratioun Aarbecht vu Meedercher. Mir fänken d’Diskussioun do un wou de Film ophält, déi kritesch Aarbecht déi no der Rettung vu Kanner stattfënnt. A wéi dëst Verbrieche vun Ufank un verhënnert ka ginn.

Schéckt eng Mail op info@ecpat.lu fir de Link op fir de Debatt ze kréie mam Objet: « Debatt ».

Aidez-nous à protéger les enfants !